Meleagris ocellata
Meleagris ocellata Getëppellt Schuddelhong | |||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Meleagris ocellata | |||||||||||||
Systematik | |||||||||||||
| |||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||
Meleagris ocellata Cuvier, 1820 |
Meleagris ocellata („Getëppelt Schnuddelhong“) ass eng Schnuddelhong-Aart – déi eenzeg nieft dem eigentleche Schnuddelhong – bannent der Famill vun de Phasianidae („Fasanevullen“). Si ass am Norde vu Mëttelamerika, op der Hallefinsel Yucatán verbreet.
Charakterisitiken
[änneren | Quelltext änneren]Meleagris-ocellata-Hunne kënnen 71-92 cm héich an 90-100 cm laang ginn an 3,25-4 kg weien. D'Pëlle gi just 1,9-2 kg schwéier a 65-69 cm héich. Den Hunnen hir Fiederen si blénkeg rout, gréng, blo a mof. Den Hals an de Kapp si plakeg a sinn hellblo. Ronderëm d'Aen an iwwer dem Schniewel ass d'Haut rout gefierft. Weider hu si giel waarzenaarteg Knippercher um Hals an um Kapp verdeelt. Wärend der Reproduktiounszäit ginn déi Faarwen nach méi intensiv.
Verbreedung
[änneren | Quelltext änneren]Si komme just op der Hallefinsel Yucatán vir, an den Territoirë vu Mexiko, Guatemala a Belize. Hire Liewensraum ass den tropesche Reebësch; si sichen hiert Friessen awer op Plazen, déi net mat Beem zougewuess sinn.
Et gëtt geschat, datt et manner wéi 50.000 erwuessen Exemplare gëtt. Juegd op si an d'Zerstéierung vum Liewensraum si Grënn, firwat hir Populatioun ewell als quasi-bedreet gëllt.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Josep del Hoyo et al.: Handbook of the Birds of the World. Band 2: New World Vultures to Guinea Fowl. Lynx Edicions, 1994, ISBN 84-87334-15-6.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Meleagris ocellata – Biller, Videoen oder Audiodateien |