Musekskiosk
Ausgesinn
E Musekskiosk ass eng Zort fest installéiert Bün, dacks iwwerdaacht, op enger ëffentlecher Plaz, fir Manifestatiounen, meescht Concerten, ofzehalen.
E Kiosk, aus dem Tierkeschen kösk, war originär e Gaardepavillon.
Musekskiosken zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- Zu Bäerdref an der Bruttgaass, am Duerfzentrum.
- Zu Bauschelt an der Rue Jérôme-de-Busleyden, der Haaptstrooss vun der Uertschaft
- Zu Beetebuerg am Jacquinotspark
- Zu Déifferdeng op der Maartplaz steet e ganz "modernen"
- Zu Dikrech op der Kluuster (bis Summer 2010 wéi en ofgerappt gouf)
- Zu Diddeleng op der Plaz bei der Gemeng
- Zu Diddeleng am "Park Le'h", mat Skulpture vum Frantz Kinnen
- Zu Ëlwen op der Place Nicolas Adames.
- Zu Esch-Uelzecht um Gaalgebierg
- Zu Ettelbréck op der place Marie-Thérèse
- An der Fiels op der Bleech
- Zu Ierpeldeng am Park bei der Gemeng
- Zu Kënzeg bei der Kierch
- Zu Klierf op der Maartplaz
- An der Stad Lëtzebuerg op der Plëss d'Arem
- An der Stad Lëtzebuerg, zu Bouneweg op der place du Parc
- Zu Mäertert am Park, (ass de fréiere Kiosk vu Maacher)
- Zu Rammerech virun der Gemeng
- Zu Réiden op der Atert bei der Kierch
- Zu Réimech Quai de la Moselle
- Zu Schëffleng op der Plaz bei der Niddeschgaass
- Zu Sëll bei der Kierch
- Zu Stengefort bei der Gemeng
- Zu Uewerkäerjeng Um Päsch
- Zu Useldeng
- Zu Veianen op der place Vic Abens
- Zu Wolwen an der Haaptstrooss (Kiosk ouni Iwwerdaach)
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
De Kiosk zu Bouneweg...
-
an der Stad, op der Plëss...
-
an zu Wolwen
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Musekskiosken – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: Musekskiosken zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |