Pentan
n-Pentan | |
---|---|
Systemateschen Numm (IUPAC) | Pentan |
Trivialen Numm | Pentan |
Cheemesch Formel | C5H12 |
Ausgesinn / Geroch | faarflos Flëssegkeet déi no Bensinn richt |
Eegenschaften | |
Dicht | 0,626 g/cm3 |
Léislechkeet | 40 mg/l bei 20 °C am Waasser |
Agregatzoustand | flësseg |
Molmass | 72,15 g/mol |
Schmëlzpunkt | –129,8 °C |
Kachpunkt | 36,1 °C |
Dampdrock | 562 hPa (20 °C) |
Thermodynamesch Daten | |
Standard Formatiounsenthalpie ΔfH0
|
–173,5 KJ·mol−1 |
Standardentropie S0
|
263,47 J·K−1·mol−1 |
Verbrennungsenthalpie ΔcH0
|
–3509 KJ·mol−1 |
Weideres | |
Änlech Moleküllen | Isopentan Neopentan Hexan |
Cheemesch Famill | Alkanen |
Pentan oder n-Pentan ass en aliphatesche Kuelewaasserstoff, deen zu der Famill vun den Alkane gehéiert. En ass ee vun deenen dräi Isomeren aus der Grupp vun de Pentanen, déi nach aus Isopentan a Neopentan besteet.
Physikalesch Eegenschaften
[änneren | Quelltext änneren]Pentan ass eng Flëssegkeet ouni Faarf, déi no Bensinn richt. En ass volatil an verdonnst scho bei Raumtemperatur. Déi Dämp si méi schwéier wéi d'Loft a breede sech um Buedem aus.
E léist sech schlecht am Waasser. Dogéint ass e gutt am Aceton, am Ethanol an am Ether léislech.
Cheemesch Eegenschaften
[änneren | Quelltext änneren]Pentan ass liicht brennbar a verbrennt mat Sauerstoff zu Kuelendioxid a Waasser. Doduerch, datt e volatil ass, kënnen explosiv Gasgemëscher aus Pentan a Loft entstoen.
Virkommen
[änneren | Quelltext änneren]Pentan kënnt am Äerdgas an am Pëtrol vir an entsteet beim Cracking
Hierstellung
[änneren | Quelltext änneren]An der Industrie:
Pentan gëtt an der Industrie duerch Destillatioun vu Pëtrol gewonnen.
Am Laboratoire:
Am Laboratoire gëtt fir d'éischt Pentan-2-ol oder Pentan-3-ol dehydratiséiert, da mat Katalysateuren hydréiert.
Uwendung
[änneren | Quelltext änneren]Pentan ass en universellt Léisungsmëttel an en Dreifmëttel an de Spraydousen.
Auswierkungen op d'Gesondheet
[änneren | Quelltext änneren]D'Dämp vum Pentan wierke narkotesch a wann een se anotemt, kann dat zu Dronkenheet, Kappwéi, Schléifregkeet an Herzrhythmusstéierunge féieren.