Wiener Kongress
De Wiener Kongress (18. September 1814 bis 9. Juni 1815) war eng Konferenz vun alle politesche Muechte vun Europa, déi sech no der Néierlag vum napoleonesche Frankräich zesummefonnt hunn, fir d'politesch Landkaart vum Kontinent nei ze zeechnen. De Kongress gouf vum Fürst vu Metternich geleet.
D'Verhandlunge sinn och virugaangen, wéi den Exkeeser Napoleon I. aus sengem Exil op Elba a Frankräich hannescht goung, fir do am Mäerz 1815 seng Muecht erëm hierzestellen. De Schlussakt vum Kongress gouf néng Deeg virum Napoleon senger definitiver Néierlag bei Waterloo ënnerschriwwen.
Ënner de Participanten vum Kongress waren de Fürst vu Metternich fir Éisträich, de preisesche Fürst vun Hardenberg an den Zar Alexander I. vu Russland, déi sech zu der sougenannter Helleger Allianz zesummegedoen haten, an och de Viscount Castlereagh fir England an de Talleyrand fir Frankräich.
Haaptkonsequenze vum Kongress
[änneren | Quelltext änneren]- Frankräich gëtt seng tëscht 1795-1810 annektéiert Territoiren hannescht, bleift awer eng Groussmuecht an de Grenzen vu 1792.
- Russland vergréissert säin Territoire op Käschte vu Polen. Galizien geet un Éisträich, mat Ausnam vun der Republik Krakau.
- Preisen verzicht op Polen, kritt dofir awer d'Géigend ronderëm Poznań a vergréissert sech no Westen, wou et Westfalen an dat nërdlecht Rheinland bäikritt.
- D'Zuel vun den Eenzelstaaten an Däitschland gëtt verklengert. Den Däitsche Bond vu souveräne Staaten entsteet.
- Éisträich kritt déi fréier Republik Venedeg, déi Frankräich 1797 eruewert hat.
- Déi fréier éisträichesch südlech Nidderlanden (plus ou moins déi haiteg Belsch a Lëtzebuerg) gi mat den Nordnidderlanden zesummegeschloss a bilden domat dat Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden. Fir kënnen eng preisesch Garnisoun an der Festung Lëtzebuerg ze stationéieren, gëtt dat fréiert Herzogtum Lëtzebuerg formell als Staat geschaf, zum Groussherzogtum ernannt, mam hollännesche Kinnek als Groussherzog. Déi Territoiren ëstlech vun Our, Sauer a Musel ginn u Preisen.
- Déi däitsch Staate Bayern an Hannover gi vergréissert, d'Sachsen als Strof dofir, datt et sech mat Frankräich alliéiert hat, gëtt verklengert.
- Dänemark muss Norwegen u Schweden ofginn.
- D'Schwäiz verléiert Veltlin un Éisträich a Konstanz un Däitschland, kritt dofir awer vu Frankräich en Deel vun der Savoie a vun Éisträich d'Grofschaft Rhäzüns a Graubünden. Bannent der Schwäiz koum et zu Streidereie wéinst de Grenze vun de Kantonen.
An deene meeschten anere Punkten huet de Kongress versicht, zu de Grenze vun 1792 zeréckzekommen an déi konservativ Monarchien an Europa nees anzesetzen – och a Frankräich wou d'Bourbonendynastie nees un d'Muecht kënnt, mam Louis XVIII. als Kinnek.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Haider, Hans: Ordnung und Frieden in Europa, Die Warte vum 2. Abrëll 2015, S. 6-8
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Wiener Kongress – Biller, Videoen oder Audiodateien |