Reptiller
D'Reptiller sinn eng Klass vu Wierbeldéieren, déi am Laf vun der Äerdgeschicht no den Amphibien, aus deene se sech eraus entwéckelt hunn, entstane sinn.
Reptiller | |||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
En Därendäiwel | |||||||||||
Systematik | |||||||||||
| |||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||
Reptilia „Laurenti“ 1768 | |||||||||||
Uerdnungen | |||||||||||
Bescht bekannt Vertrieder vun de Reptiller sinn d'Eidechsen, d'Schlaangen, d'Deckelsmouken, d'Krokodiller an d'Dinosaurier (déi virun zirka 66 Millioune Joer ausgestuerwe sinn).
Anatomie
ännerenDe Kierper vun de Reptiller ass mat Harschuppe bedeckt a si ootmen duerch Longen. Si si wiesselwaarm (heterotherm), d. h. datt hir Kierpertemperatur sech der Baussentemperatur upasst, well se hir Kierpertemperatur net selwer reegele kënnen. D'Reptiller planze sech duerch Eeër fort.
Hir Longe si méi kleng a manner komplizéiert opgebaut wéi déi vun de Vullen an de Mamendéieren, well se wéinst hirem nidderegen Energieverbrauch vill manner Loft brauchen. Och hiert Häerz ass méi kleng (2 % vun hirem Kierpergewiicht) sinn den Ufuerderungen déi hirem Bluttkreeslaf gestallt ginn, ugepasst.
An enger waarmer Ëmgéigend ass hire Stoffwiessel séier genuch, mä soubal d'Temperatur fält, fänke si u méi roueg ze ginn, si friessen näischt méi bis si dann eng Kéier ganz estarren. Deen Zoustand kënne si iwwer Méint halen ouni iergendwéi Schied z'erleiden. Dat ass de sougenannte Wanterschlof.
Well d'Reptiller sou staark vun enger héijer Temperatur an hirer Ëmgéigend ofhängeg sinn, liewen déi meescht vun de 5000 Aarten a waarme Länner. Obwuel déi meescht Fleeschfrësser sinn, gëtt et eng Rëtsch Aarten déi vegetaresch liewen, wéi déi grouss Mierechs vun de Galapagosinselen.
Fortbeweegung
ännerenD'Fortbeweegung vun de Reptiller ass och ganz ënnerschiddlech. En Deel kraucht mam Bauch iwwer de Buedem (Schlaangen oder verschidden Eidechsenzorten), anerer kënnen op den hënneschte Been lafen a mam Schwanz steieren (Kragenechsen, Chlamydosaurus kingi), déi meescht ginn awer op véier Patten (Krokodiller). Et gëtt der souguer déi schwammen oder duerch d'Loft seegele kënnen.
Ofstamung
ännerenVun der stammesgeschichtlecher Entwécklung hir stamen d'Reptiller vun amphibesche Landwierbeldéieren of. An der Grupp vun den Tetrapode gehéiere se zu den Amniota.
D'Amniota ginn an zwou Gruppe gedeelt, déi sech ob d'Zuel vun de Schädelëffnungen (ausser déi vun den Aen, der Nues an den Oueren) baséieren: d'Synapsida (eng Ëffnung) an d'Diapsida (zwou Ëffnungen); d'Ur-Amniota (Anapsida) hate keng Ëffnungen. Zu den Diapsida ginn d'Reptiller an d'Vulle gezielt, mat ausgestuerwene Gruppe wei d'Dinosaurieren (Dinosauria) an d'Fluchsaurieren (Pterosauria).
Deckelsmouken allerdéngs hu keng Ëffnung, wouduerch s'eigentlech missten zu den Anapsida zielen. Verschidde Paleontologe mengen zwar datt dat wéinst eng spéider Zeréckentwécklung vun den Diapside wier. Si zielen haut zu der Schwëstergrupp vun den Archosaurieren aus der Famill vun de Reptiller duerch d'Lag vun hirer Halsoder an der Ausbildung vun hirer Aorta. D'Fossilsituation ass awer nach net definitiv gekläert.
Déi éischt Reptiller triede virun ongeféier 300 Millioune Joer am Perm op. Eng éischt Opdeelung kënnt scho ganz fréi vir: déi oneigentlech Reptiller (Parareptilia) an déi eigentlech Reptiller (Eureptilia). Vertrieder vun de Parareptilia sinn déi am Trias ausgestuerwe Procolophonida, déi dacks als no Famill vun de Schildkröten ugesi ginn, an déi am Perm ausgestuerwe Pareiasauria. D'Eureptilia ginn agedeelt an: d'Archosauria, also d'Krokodiller, d'Fluchsaurieren an d'Dinosaurieren (an haut och d'Vullen) an d'Leptosauria, wéi d'Eidechsen, d'Schlaangen, Duebelschläichen an d'Bréckenechsen. Donieft gëtt et och nach den ausgestuerwenen Aascht Sauropteriygia, déi grouss Mieresreptiller.
Systematik
ännerenD'Systematik vun de Reptiller gëtt et an zwou Versiounen:
Versioun 1 (klassesch Versioun): Schildkröten als Anapsida
Dës Versioun stellt d'Reptiller als eng vollkomme kënschtlech Grupp duer (Polyphylum), well si souwuel d'Synapsida (mat de Mamendéieren) wéi och d'Vullen ausschléisst:
- Reptiller (Reptilia)
- Anapsida
- Deckelsmouken (Chelonia)
- Romeriida
- Diapsida
- Echsen (Sauria)
- Lepidosauromorpha
- Archosauromorpha
- † Fëschsaurier (Ichthyosauria)
- † Plesiosaurier (Plesiosauria)
- Archosauria
- Krokodiller (Crocodylomorpha)
- Alligatoren (Alligatoridae)
- Echt Krokodiller (Crocodylidae)
- Gaviale (Gavialidae)
- † Fluchsaurier (Pterosauria)
- † Dinosaurier (Dinosauria)
- Krokodiller (Crocodylomorpha)
- Echsen (Sauria)
- Diapsida
- Anapsida
Versioun 2: Schildkröten als Schwëstergrupp vun den Archosauria, Reptiller an d'Vullen als Sauropsida. An dësem Fall bilden d'Reptiller nach ëmmer keng vollstänneg natierlech Grupp, well si d'Vullen ausschléissen. D'Alternativ Sauropsida, déi d'Vullen als Deel vun den Dinosauria mat ëmfaasse sinn awer en echten Taxon:
- Sauropsida
- Lepidosauromorpha
- Archosauromorpha
- † Fëschsaurier (Ichthyosauria)
- † Plesiosaurier (Plesiosauria)
- Schildkröten (Chelonia)
- Archosauria
- Krokodiller (Crocodylomorpha)
- Alligatoren (Alligatoridae)
- Echt Krokodiller (Crocodylidae)
- Gaviale (Gavialidae)
- † Fluchsaurier (Pterosauria)
- † Dinosaurier (Dinosauria)
- † Vullebeckesaurier (Ornitischia)
- Echsebeckesaurier (Saurischia) mat de Vullen
- Krokodiller (Crocodylomorpha)
Um Spaweck
ännerenCommons: Reptilia – Biller, Videoen oder Audiodateien |